Mir sichen Verstärkung!
Fir d’Saison sicht d’Equipe vum Restaurant Am Kraeltgen eng dynamesch an erfueren Servicekraft (m/w).
Mir si keng grouss Kette – mir sinn eng Ekipp, déi zesummeschafft, sech ënnerstëtzt a wou ee sech openeen verloosse kann.
Bei eis gëtt vill geschafft, mee och vill gelaacht an an enger flotter Atmosphär geschafft.
Wat mir vun dir erwaarden
- Minimum 3 Joer Erfarung am Service
- Dressage vun den Dëscher, Accueil, Commanden ophuelen, Clienten beroden, Service à l’assiette, …
- Ganz gutt Franséischkenntnisser
- Disponibilitéit fir 40 Stonnen/Woch ze schaffen
- Variable Schaffzäiten (Coupure & Continu)
- Führerschäin B + eegenen Auto obligatoresch
Wat dech bei eis erwaart
- Eng gutt Zesummenaarbecht an enger flotter Ekipp
- Vill Laachen an eng respektvoll Atmosphär
- Eng trei Clientèle, déi eis scho laang begleet
- E schéinen Aarbechtsplaz an engem charmante Kader
CDD: Mëtt Juni bis September (oder no Ofsprooch)
Interesséiert?
Da freeë mir eis, dech kennen ze léieren!
Schéck eis däin CV op:info@amkraeltgen.lu